image

E BEIER MAT WEINEG DRENKWIDDERSTAND

Den EisenÄerz ass en ënnergaerege fruuchtege Béier mat grasegen an zitrounegen/mandarineschen Notten. Net ze batter a schéin ofgeronnt mam Malz esou dass e gudd erfrëschend ass.

Nodems mer eist Rezept ëmmer erem getest a verbessert hunn si mer stolz Aerch d’Resultat kënnen unzebidden.

Hiergestallt gëtt den heite Béier mat 2 Zorten Malz a 4 Zorten Happ.
Daer fannt en an der Fläsch (0,33l) wéi och am Faass (20l).

image

EIS GESCHICHT

2020

Ugefaang huet alles, wéi soll et anescht sinn, bei engem Humpen an engem Lettrage op „eiser“ Camionnette. 2 Joer laang hu mer ëmmer erëm driwwer geschwat a fantaséiert.

2022

Februar

Endlech war et esouwäit a mer hunn déi éischte Kéier ugesat fir ze brauen. Ganz klassesch am Akachautomat an am „Plastikseemer“. Jidderee fänkt emol kleng un. Eng flott Erfahrung .

Mäerz
Den 1. Mäerz hate mer dann och eis éischt Versammlung fir eng ASBL ze grënnen.
Zu 6 Diddelenger hu mer dunn eis Statutten ënnerschriwwen an du goung et lass. Kuerz drop konnte mer eist éischt Gebräu schmaachen.
D’Resultat: net schlecht fir déi éischte Kéier, mee et geet besser.
Am Laf vum Joer

Mëtt des Joers hu mer eis eng kleng Brauanlag ugeschaft fir kënnen méi grouss Quantitéiten ze produzéieren.

2023

Mee

En ass do. EISENÄERZ. Och an der Minn stung den Äerz mat un éischter Plaz fir d’Produktioun.
Loosst Aerch eise Béier schmaachen.

Gläichzäiteg hu mer ugefaang un eppes weiderem ze schaffen.

Oktober

Eise ganz nei Homepage mat integréiertem Shop ass online gaang.

2024

Alles leeft gudd. Mam Heischter hu mer e gudden an zouverlässege Partner fonnt.

Februar

Net méi spéit wéi den 29.2. hu mer offiziell d’Minettsdapp Brauerei Sàrl-S gegrënnt fir eis nach besser ëmt Äerch këmmeren ze kënnen.

made image
0
    0
    Äre Weenchen
    Äre Weenchen ass eidelZréck an de Buttick